Fans vum Sänger mussen elo calm bleiwen, den Nico wäert sech fir eng Zäitlaang zeréckzéien.

De Sänger a Songwriter Nico Santos zitt sech fir eng onbestëmmten Zäit aus de soziale Medien zeréck. Dat huet hien op Instagram matgedeelt. Hie schreift: "ech wäert déi nächst Zäit eng kleng Social Media Paus maachen. Ech hunn an de leschten 3 Joer alles ginn an et gëtt Zäit och mol richteg duerch ze ootmen. Merci fir är Ënnerstëtzung déi et an de leschten 3 Joer vun iech krut. Ech wäert mech heiansdo nach eramellen". Säi Fokus läit deemol elo op säin drëtten Album an dowéinst wäert hien elo ganz vill am Studio sëtzen. An, den Nico freet sech och elo schonn drop, nees Live viru senge Fans ze spillen. Esou wäert en och den 10. September 2021 zu Sankt Vith an der Belsch optrieden. Fir dëse Concert ginn et awer scho leider keng Tickete méi.

D'Fans reagéieren ganz positiv. Sou huet z.B. ee kommentéiert, dass en dat schued fënnt, mee hie soll sech d'Zäit huelen, déi e brauch. Een anere schreift, hien hätt et verdéngt an hie soll d'Auszäit genéissen.