Dem Miley säin Album "Plastic Hearts" ass eréischt am November 2020 eraus komm. Mee och 2021 soll nei Musek kommen!

D'Fans vum Miley Cyrus dierfe sech och dëst Joer op neit Material vun der Sängerin freeën. D'Sängerin huet op Instagram seng eege Visioun vum Joer 2021 matgedeelt: "Ech soen fir 2021 ee Joer voll sécherem Sex an opbléien AN méi f*cking Musek!"

Mat esou enger Virausso brauchen d'Fans vun der Sängerin also keng Angscht ze hunn fir dat neit Joer. Een angeneeme Start, no engem Joer an dem villes ongewëss war.