Dat mellt säi Manager de Scooter Braun.

Fir d'Fans vum Demi Lovato war et wuel déi bescht Noriicht fir an dat neit Joer eran ze starten: d'Sängerin ass nees am Studio! Dat huet op mannst dem Demi säi Manager, de Scooter Braun matgedeelt via Twitter. D'Demi ass elo knapp 2 Joer beim Mega-Manager ënner Kontrakt, ma huet awer nach keen neien Album erausbruecht an der Zäit.

Et kéint also bedeiten, dass mer 2021 nees een neien Album vun der Sängerin kréien. Dee leschte Longplayer  "Tell Me You Love Me" vum Demi ass nach aus dem Joer 2017, also schonn eng Zäitchen hier. Am Joer 2020 hat d'Demi awer eng Rei Singlen erausbruecht, dorënner och Kollaboratioune mam Sam Smith oder och mam Marshmallo. Genuch Inspiratioun fir een neien Album dierft d'Sängerin sécher hunn: eleng läscht Joer, huet d'Demi sech mam Max Ehrich verlobt, an nees getrennt. Och wann et net schéin ass d'Häerz gebrach ze kréien, huet een ëmmer nees erlieft