Bei de Kiwis schéngt d'Welt nees komplett an der Rei ze sinn, wéi et och viru Corona war.

Fir d'Neiséilänner huet dat aalt Joer opgehale wéi et och eigentlech ugefaangen hat: ouni Coronavirus. Den Inselstaat ass nämlech quasi eng corona-fräi Zone. Social Distancing, Masken sinn net néideg. Dofir konnt och vum 29. bis den 31. Dezember dee gréissten Neiséilännesche Festival ofgehale ginn wéi een et gewinnt war. Um "Ryhtms and Vines"-Festival waren 20'000 Leit présent fir zesumme mat Kënschtler wéi Fat Freddy’s Drop, Benee, an BROODS ze feieren.

Ma och beim "Rhythm and Alps" Festival an Neiséiland konnt een den 10. Anniversaire mat ganzer 10'000 Spectateure live feieren, an zesumme mam Six60, Chaos in the CBD, oder Shihad dat neit Joer ufänken.

Nodeems d'Regierung an Neiséiland direkt am Ufank vun der Pandemie ee strenge Lockdown ageféiert hat, ass d'Situatioun gutt ënner Kontroll. Aktuell géifen et op der Insel manner wéi 80 aktiv Infektioune mam Covid-19 ginn.