Dat well se et onfair fannen, dass nëmme wäiss Kënschtler an der Kategorie nominéiert goufen.

De Grammy gëllt als eng vun deene wichtegsten Auszeechnungen an der Museksbranche. Ma elo hunn direkt dräi vun deene 5 Nominéierten an der Kategorie fir d'Kannermusek hir Nominatioun refuséiert.

Dëst sinn den Alistair Moock, Dog on Fleas an The Okee Dokee Brothers. Wéi den Alistair Moock erkläert huet, géif et sech net richteg uspieren nom Joer 2020, dass nëmme wäiss Kënschtler nominéiert goufen. Net verwonnerlech, a sengem Album "Be A Pain" huet de Moock d'Geschichte vu wichtege Personnagen thematiséiert, déi sech fir verschidden Forme vu Gläichberechtegung agesat hunn. Esou zum Beispill dem Harvey Milk, Rosa Parks oder dem Martin Luther King Jr.

Och wann hie ganz gären ee Grammy gewanne géing, wéilt en deen och nëmme gewannen, wann d'Bedingungen dofir och fair sinn. Wéi de Sänger vun den The Okee Dokee Brothers seet: "Mer sinn net einfach nëmme wäiss Typen déi Gittar spille fir Kanner. Mer wëllen all verschidde Genre vu Musek an eiser Community hunn. D'Grammy Nominatioun ofzeleenen ass eiser Meenung no dat stäerksten Zeechen, dat mer fir Persounen mat enger anerer Hautfaarf setze kënnen.