Am Video vu senger neister Single "Save Your Tears" wëllen d'Fans eng Noriicht fonnt hunn fir d'Musekakademie.

Den Album "After Hours" vum The Weeknd war 2020 ee vun de ganz groussen Alben. Eleng mat der Single "Blinding Lights" huet de Museker direkt e puer Rekorder gebrach. Also dierft ee jo eigentlech unhuelen, dass dann och d'Music-Academy, déi d'Nominatiounen vun de Grammy's verdeelt un The Weeknd denkt. Ma de kanadesche Sänger ass awer einfach eidel ausgaangen.

A sengem deels ganz bizarre Video vu senger neister Single "Save Your Tears" soll den Abel Tesfaye dann elo géint d'Grammys ausgeholl hunn. Den Weeknd steet do zum Beispill op enger Bün, déi staark un déi vun de Grammy Zeremonien erënnert. Ronderëm gesäit een och kuerz e puer gëlle Statue stoen, déi un d'Oscar-Trophäe erënneren. Ronderëm hien sinn lauter Leit mat Masken. Fir d'Fans kloer een Indice op all déi "fake" Stars bei dësen Award-Shows, deenen Ongerechtegkeete bei den Nominatiounen egal sinn, a just no sech kucken.

De Video "Save Your Tears" ass awer och soss opfälleg, well de Sänger richteg grotesk ausgesäit mat iwwergrousse Lëpsen a siichtbaren Narben, wéi no enger Schéinheets-Op. Och dat ass eng Referenz op eng sëllege Stars, déi sech léiwer bis zur Onkenntlechkeet operéieren, amplaz z'acceptéieren, dass een nun emol méi al gëtt.