Op mannst an den USA. Dat huet de Musek-Magazin Rolling Stone elo matgedeelt.

Elo wou d'Joer 2020 definitiv eriwwer ass, kann een dann och déi genee Zuele kucken zu de Verkeef vun den diversen Alben, déi d'lescht Joer eraus koum. An d'Musek-Zeitung Rolling Stone huet do ganz genee nogezielt, an hire Ranking verëffentlecht vun dem meeschtverkaaften Album vu leschtem Joer. A "folklore" vum Taylor Swift ass ganzer 1,1 Milliarde mol gestreamed ginn, an 1,2 Millioune physesch Kopie goufen dann och nach vum Iwwerraschungs-Album verkaf.

Et ass dann och déi 5. Kéier, dass d'Taylor Swift dee meeschtverkaaften Album hat zum Schluss vun engem Joer. Nach 2019 hat Lover sech d'Kroun geschnaapt. Just den Drake huet et scho méi dacks op déi éischt Plaz geschafft vun dësem Ranking, nämlech 6 mol.

An d'Reaktioun vum Taylor ass a gewinnter Manéier ausgefall: mat Hëllef vun enger Kaz, respektiv engem GIF. Do gesäit een eng Kaz, mat oppenem Mond hannen an engem Auto matfueren.