Dat huet d'Sängerin via Twitter matgedeelt.

Demi Lovato gehéiert zu deene Kënschtler, déi sech net scheien eppes ze soen. Oder och driwwer ze sangen. Nodeems gëschter vu verschiddene gewalttätege Protestanten den US-Kongress gestiermt gouf, fir d'Ofstëmmung vum Electoral College ze verhënneren, hu vill Staren reagéiert. Ma och d'Demi war schockéiert iwwert d'Aktioun, ma och doriwwer, dass bei de Black Lives Matter Protester vill méi exzessiv reagéiert gouf.

Aktuell setzt d'Demi jo am Studio. An dovu profitéiert d'Sängerin dann och elo, fir ee Lidd opzehuelen, an dem et d'Situatioun zu Washington DC wëll thematiséieren. Weider seet d'Demi, dass "säin Häerz gebrach ass" an, dass et traureg driwwer ass, wéi naiv et war ze denken, dass esou eppes net kéint geschéien. D'Demi sot dann och senge Fans, dass et him egal ass wann ee seet, hatt sollt léiwer just sangen amplaz sech z'engagéieren fir esou Sujeten. D'Sängerin notzt ëmmer nees seng Plattform fir verschidden Sujeten no fir ze bréngen.