D'Sängerin hat scho méi laang matgedeelt, dass et wéilt een Album ophuele mat Cover-Versioune vun diverse Metallica-Songs.

Am Oktober hat d'Miley Cyrus matgedeelt, dass et een neie Museksprojet wéilt ugoen. Nämlech een Album opzehuele mat Cover-Versiounen vu verschiddene Lidder vun der Band Metallica.

Een Titel fir den Album, oder ee Release-Datum ass nach net gewosst bis elo. Ma e puer éischt Detailer zum Album ginn et awer schonn. Dat dozou, wien nach alles mat un dëse Covere schafft. An engem Interview mat Capital FM huet d'Miley matgedeelt, dass eemol den Elton John sech un de Piano wäert setzen fir de Cover vun "Nothing Else Matters". Och aner grouss Museker sollen dobäi sinn, wéi zum Beispill den Cellist Yo-Yo Ma, oder den Drummer vun de Red Hot Chili Peppers, den Chad Smith.

D'Miley huet ëmmer nees eng ganz Rei bekannte Lidder gecovert, dorënner och "Zombies" vun The Cranberries oder "Heart of Glass" vu Blondies. Fir dës Coveren huet d'Miley och vill Luef vun de respektiven Artisten ausgeschwat kritt. Et dierf een also gespaant sinn, wéi d'Membere vu Metallica vun dësem Album denken.