Nieft der Nouvelle vun engem neien Album, sinn och direkt zwou Singlen erauskomm.

Se haten hir Fans laang op d'Folter gespaant. Elo huet d'Waarden lues awer sécher een Enn! De 5. Mäerz ass dee 6. Longplayer vu Kings Of Leon dobaussen, dee sech "When You See Yourself" nennt, an aus 11 Titele besteet. Fir d'Zäit bis de Mäerz awer nach e bëssen ze verkierzen, huet d'Band einfach schonn direkt zwee Singelauskopplungen erausbruecht. D'Tracklist vum Album ass och scho gewosst:

  1. ‘When You See Yourself, Are You Far Away’
  2. ‘The Bandit’
  3. ‘100,000 People’
  4. ‘Stormy Weather’
  5. ‘A Wave’
  6. ‘Golden Restless Age’
  7. ‘Time In Disguise’
  8. ‘Supermarket’
  9. ‘Claire And Eddie’
  10. ‘Echoing’
  11. ‘Fairytale’

Fir d'Single "The Bandit" gëtt et och direkt ee Museksvideo. De Sound ass nees méi no un deem wat een aus den Ufankszäite vun der Band kannt huet.

Déi zweet Single déi um Donneschden eraus koum, nennt sech 100'000 People an ass nach ee Stéck méi roueg.