Donieft gëtt et och nach direkt eng éischt Single, déi sech "Vibez" nennt.

Nodeems de Sänger sech an deene leschte Méint virun allem op seng kleng Famill konzentréiert huet, hat een net onbedéngt mat engem neien Album gerechent. Ma ëmsou méi grouss dierft d'Freed bei senge Fans gewiescht sinn, wéi de Sänger via Twitter matgedeelt huet, dass eng nei Single dobaussen ass, déi sech "Vibez" nennt, an dann och nach, dass de 15. Januar ee ganzen Album wäert kommen.

"Nobody Is Listening" ass deen drëtten Album, deen de Zayn als Solo-Kënschtler erausbréngt. Nieft der Single "Vibez" déi den 8. Januar eraus komm ass, solle weider 9 Lidder op deem neien Album dobäi sinn. "Vibez" ass dann een éischter rouegen Track mat engem kloren R'n'B-Vibe. Eng aner Single déi och um Album soll drop sinn, ass d'Single "Better", déi de Zayn nach am November 2020 erausbruecht hat.