D'Sängerin huet d'Lidd op Instagram mat senge Follower gedeelt.

D'Miley Cyrus weist zwar dacks seng éischter rau an haart Säit, ma scheit sech awer net och Momenter ze deelen an deenen et em net esou gutt geet. Esou och an engem rezente Post op Instagram. Do huet d'Sängerin eemol matgedeelt, dass säin Hond gestuerwen ass. D'Mary Jane, wéi de Mupp heescht, wier eng "true Queen" gewiescht, an et wier him eng Éier gewiescht seng "Mamm a beschte Kolleg" gewiescht ze sinn. Donieft huet d'Miley och ee Lidd gedeelt, dat "Mary Jane 5ever" heescht, dat d'Miley nach a sengem Haus zu Malibu opgeholl hat, an dem et och mam Liam Hemsworth zesumme gewunnt huet. Dat Haus war jo bei de Bränn a Kalifornien am Joer 2018 ofgebrannt.

Ma d'Miley sot dann och a sengem Post, dass Musek seng "Medezinn" ass, fir seng Emotiounen ze verschaffen.