All Freide presentéiert de Chris iech am labbere Feierowend fonkelnei Musek a sengem Soundcheck!

No deene rouege Wochen ëm d'Feierdeeg sinn um New Music Friday haut endlech erëm e puer cool nei Lidder mat dobäi.

Tom Grennan - Little Bit Of Love

De 5. Mäerz 2021 bréngt den Tom Grennan säin neien an 2. Album "Everning Road" eraus. No "This Is The Place", "Amen" a "Something Better" huet de brittesche Sänger mat "Little Bit Of Love" elo eng weider Single-Auskopplung doraus verëffentlecht. Dora geet et ëm d'Gefill dozou ze gehéieren an esou acceptéiert ze ginn ewéi een ass. Ewéi beim Tom Grennan üblech strotz deen neien Track musikalesch ewéi thematesch nëmmen esou vu positive Vibes.

ZAYN - Vibez

"Vibez" ass och dat richtegt Stéchwuert fir dem Zayn säi ganz neie Song deen hien haut erausbruecht huet, genee esou heescht en nämlech. Zesumme mam Single-Release huet de fréiere OneDirection-Museker och säin neie Longplayer "Nobody Is Listening" fir nächste Freideg annoncéiert. En duebele Grond fir sech ze freeën also fir alleguerten d'Zayn-Fans. "Vibez" ass e rouegen R&B-Track, dee mat Momenter leider awer e bëssen trapeg wierkt. Ech sinn deemno ganz gespaant wéi deen neien Album gëtt!

Alle Farben & Fools Garden - Lemon Tree

Déi lescht Single fir haut stellen ech iech net vir well ech musikalesch absolutt dovun iwwerzeegt sinn, éischter well se esou trasheg ass, datt se schonn erëm witzeg ass. Viru 25 Joer hu Fools Garden hire Mega-Hit "Lemon Tree" erausbruecht, e Song deen och haut warscheinlech nach ganz vill Leit matsange kënnen. Fir deen Anniversaire ze feieren hu Fools Garden sech mam Produzent Alle Farben zesummegedoen an e Remake vum Klassiker erausbruecht. D'Kollaboratioun ass iwweregens perséinlech entstanen, et kann ee quasi soen datt zwou Generatiounen aus där däitscher Museksgeschicht sech getraff hunn.