"Talk About Love" nennt sech déi nei Single.

Déi nei Single vum Zara Larsson "Talk About Love" ass net einfach nëmmen eng nei Single, mee ee klenge Virgeschmaach op der Sängerin säin zweete Studioalbum "Foster Girl" deen de 5. Mäerz soll eraus kommen.

Am neie Lidd geet et dann ëm eng ganz spezifesch Zäit an der Relatioun vun zwou Persounen. Nämlech dem Moment, an dem ee sech nach net sécher ass, wat déi aner Persoun fir ee bedeit, esou d'Zara Larsson. "Fir verschidde Leit ruinéiert et alles, wann een op eemol deen anere freet wéi en sech dobäi fillt, oder wéi en d'Relatioun gesäit. A menger Single geet et dorëms, dass een eeben nach net doriwwer schwätzt, an déi magesch Zäit einfach just genéisst, ier een eng Decisioun hëllt."

Um Track ass dann och nach de Young Thug mat dobäi. Entstanen ass ee poppegen Track, deen awer gäre mol am Ouer hänke bleift.