De King Of Pop kritt serieux Konkurrenz gemaach vun der 31 Joer aler Sängerin.

D'Fro, wéi een Album am Joer 2020 dominéiert huet, souwuel punkto Verkeef, wéi och bei der UK Nummer 1, dann hu mer d'Äntwert schonn: d'Taylor Swift!

Dëst awer virun allem mat "folklore". Ma och säin zweeten Iwwerraschungs-Album vu leschtem Joer, "evermore", ass immens gutt ukomm, dat souwuel bei de Kritiker wéi och bei de Fans. Duerch "evermore" huet d'Taylor Swift dann elo effektiv och een ale Rekord vum Michael Jackson geknackt. Duerch "evermore" ass et dem Taylor Swift nämlech elo gelonge sech mat all sengen Alben ganzer 51 Wochen op der éischter Plaz vun de Billboard 200 Album-Charts ze halen.

Domat ass d'Taylor Swift elo op der 4. Plaz vun deene meeschte Wochen op der Nummer 1 vun den Album Charts. Wien et elo nach ze knacken huet sinn eemol de Country Sänger Garth Brooks (52 Wochen), den Elvis Presley (67 Wochen) an dann ganz uewen d'Beatles, déi onwarscheinlech 132 Wochen mat hiren Alben op der Nummer 1 stoungen.

Fir d'Fans vum Album gouf et och iwwerdeems Grond sech ze freeën: d'Deluxe-Versioun mat zwee Bonus-Tracks ass och elo dobaussen. Esou zum Beispill "right where you left me", ee Lidd vun dem vill Fans ausginn, dass d'Taylor do d'Frëndschaft mam Topmodel Karlie Kloss thematiséiert.