Dëst wéinst dem Lidd "Sorry" vum Nicky Minaj, dat 2018 geleaked gouf.

Heiansdo huet ee wuel besser verschidde Saachen net ze maachen. Dëst dierft villäicht d'Lektioun vum Nicky Minaj sinn. Nodeems säi Management 2018 der Singer-Songwriterin Tracy Chapman geschriwwen hat, fir ze froen ob si den Titel "Baby Can I Hold You" frësch ophuelen dierfen, oder remixen, sot d'Tracy "Nee". Eng kloer Äntwert eigentlech.

Ma wéi et schéngt, hat de Management vum Nicky Minaj dee Bréif awer eréischt geschéckt, nodeems se d'Lidd scho remixed haten an an der Single "Sorry", déi d'Nicky Minaj zesumme mam Nas opgeholl hat, scho verschafft haten.

D'Single "Sorry" sollt nom Tracy sengem Refus och eigentlech net eraus kommen, ma gouf awer 2018 vun engem DJ geleaked. Doduerch krut d'Tracy dann och mat, dass d'Nicky a seng Produzente scho mat senger Single gespillt haten, ier se hatt gefrot hunn.

Ma d'Sängerin war guer net begeeschtert, an huet d'Nicky Minaj kuerzerhand op d'Geriicht geholl wéinst Verletzung vum Copyright. A krut dann och Recht. Wéi et aus dem Urteel heescht, hätten déi zwou Kënschtlerinne sech gëeenegt op eng Zomm vun 450'000 US-Dollar.

Ee klengen interessanten Effekt hat déi ganz Saach dann awer nach fir d'Tracy: wéi et schéngt si vill Leit op "Baby Can I Hold You" opmierksam ginn duerch dës Affär, wann ee sech emol d'Kommentarer beim YouTube Video duerchliest...