Am Interview huet d'Melanie C iwwert ee méigleche Comeback vum Victoria Beckham geschwat.

Lescht Joer hunn d'Spice Girls, eng vun den erfollegräichste Bands aus den 90er Joren matgedeelt, dass se nees wäerten op Tour goen am Joer 2021. Dëst Joer ass nämlech de 25. Anniversaire vun der Girl-Band. D'Mel C ass eemol schonn total prett fir nees op der Bün ze stoen. Hir Tour soll dann och duerch Europa, Australien an Amerika goen. Wéi scho bei der Reunioun vun 2019, sinn d'Mel C, d'Mel B, d'Geri Halliwell an Emma Bunton och nees mat dobäi.

Ma eent feelt do awer nach! An zwar d'Victoria Beckham, bei de Fans och nach als Posh-Spice bekannt. An engem Interview bei Apple Radio huet d'Mel C dann elo doriwwer geschwat, wat hatt mengt op d'Victoria villäicht awer bei der Reunion dobäi wier. An d'Mel C ass do eigentlech ganz zouversiichtlech. Hatt mengt, dass d'Victoria och do nees kéint dobäi sinn, wann een him just Loscht genuch drop mécht, nees mat deenen anere Spice Girls op der Bün ze stoen. An engem eegenen Interview, huet d'Victoria awer zimmlech kloer gemaach, dass et net nees wäert dobäi sinn. Et hat, nodeems d'Spice Girls sech opgeléist hunn, ee Bréif un d'"future Victoria" geschriwwen. An do huet et och dra geschriwwen, firwat et gutt war, dass Schluss mat de Spice Girls war. Et hätt realiséiert, dass d'Spice Girls just ee Kapitel a sengem Liewe waren, wéi et den Elton John op der Bün erlieft huet. Dëse géing dofir liewen, live dierfe virum Publikum opzetrieden. Him dogéint hätt et just Spaass gemaach.

Ma d'Fans vun der Girl-Band dierfe sech awer freeën: wann een d'Concerten vun der éischter Reunion-Tour kuckt, dierf ee sécher sinn, dass déi véier Fraen dat nees rocke wäerten.