Dëst wéinst der Corona-Pandemie. Et ginn awer och gutt Nouvellen...!

Et fillt sech no engem Flashback an d'Joer 2020 un. Och dëst Joer wäert et fir d'Event- a Musekszeen keen einfacht Joer ginn. Wéi déi brittesch Indie-Rock-Band elo matgedeelt huet, ass hir Tour fir 2021 ofgesot. Dëst, well de Risiko duerch d'Corona-Pandemie einfach nach ze grouss wier. Esou sollt d'Band ënnert anerem am Finsbury Park zu London, oder och am Golden Gate Park zu San Francisco optrieden.

Op hirem offiziellen Instagram-Account huet déi brittesch Band d'Nouvelle matgedeelt. Esou hu si och matgedeelt, dass se léiwer elo schonn d'Tour ofsoen, an doduerch och d'Leit déi Tickete kaf hunn, hir Suen nees kënnen zeréck kréien.
Eng gutt Noriicht gouf et dann awer trotzdem an hirem Post: aktuell ass d'Band am Gaangen een neien Album opzehuelen. Esou dierf ee sech dann ëmsou méi freeën, wann d'Band nees on Tour ass: mat neier Musek an der Gewëssheet, dass de Concert esou sécher wéi méiglech ass fir jiddereen.