De Slipknot Sänger schwätzt iwwert seng Pläng fir d'Joer 2021. An dat sinn der eng Rei.

Wie fäert, dass 2021 kéint langweileg ginn, brauch just dem Corey Taylor, och nach bekannt als Sänger vu Slipknot, seng Pläng ze kucken.

Eemol koum am Oktober 2020 dem Corey säin éischte Solo-Album eraus, den sech CMFT nennt, ma mat dem en awer nach net toure konnt. Dat soll sech dann elo awer dëst Joer änneren.

Ma d'Fans vu Slipknot brauche sech awer keng Suergen ëm d'Band ze maachen. Och do huet de Corey nach genuch Pläng. No enger Tour vun 2-3 Wochen eleng duerch d'USA am Fréijoer, soll et da weider goen mat der Tour vu Slipknot. De Corey sot awer, dass e sech bewosst wier, dass et net sécher wier wéini se d'Tour kënne fäerdeg maachen.

Ma de Corey huet och iwwert d'Impfe geschwat. Hie géing sech direkt impfe loossen, well hien einfach wéilt, dass een nees zur Normalitéit kéint iwwergoen. "And I’m no anti-vaxxer, trust me! As soon as it’s ready I’m taking one, and I don’t care what anybody says: I don’t wear tinfoil hats, and I certainly didn’t vote for Trump, so I’m going to get a vaccine for this damn thing." Elo nom Wanter géif et och endlech Luucht um Enn vum Tunnel ginn.

A falls en eng Paus vun der Musek brauch, wëll de Corey een anere Projet ugoen: een eegene Film. D'Dréibuch dofir hätt e scho fäerdeg, e misst just lassleeë mam Filmen. An och säi 5. Buch wëll d'Multitalent dëst Joer nach ugoen.