D'Sängerin ass prett fir 2021 nees voll lasszeleeën.

Nach am Dezember 2020 huet d'Selena Gomez an engem Interview mat Billboard gesot, dass et ee ganze Koup u gudde Saachen hätt déi dëst Joer kommen. An et hat eeben och ugekënnegt, dass d'Selena villäicht ee Spuenesch-Sproochege Projet ugeet. An et schéngt wéi wann et domat elo géing starten.

D'Fans vum Selena aus Mexiko hunn nämlech Fotoen op social media gedeelt, op deene een den Numm vun der Sängerin gesäit, deen op Mauere gemoolt gouf. An zwee Titelen "De Una Vez" a "Baila Comingo". Iwwersat heescht dat "At Once" an "Dance With Me".

Eng offiziell Confirmatioun gëtt et zwar nach net. Mee d'Selena huet eng vun de Fotoen vun de Molereien geliked, déi op Instagram eropgeluede goufen.