De gewielten US-Präsident Joe Biden soll nächste Mëttwoch mat enger prominent-besater Show a säin Amt agefouert ginn.

Am Kader vun der Amtsaféierung vum Joe Biden soll nächste Mëttwoch eng grouss TV-Show op d'Been gestallt a wärend der Prime Time ausgestraalt ginn. Den Owend, deen ënnert dem Numm "Celebrating America" steet, wäert vum Tom Hanks moderéiert ginn.

Donieft trieden da Stars wéi den Justin Timberlake, d'Demi Lovato, den Ant Clemon an den Jon Bon Jovi op, esou de "Presidentail Inaugural Committee".

De Präsident a seng Vizepräsident, d'Kamala Harris, wärte sech wärend der 90 Minutte laanger Sendung och un d'Natioun wenden.

Ausgestraalt gëtt d'Show vun 20 Auer un (2h30 eiser Zäit) op verschiddenen Sender, ausserdeem iwwerdroen eng sëlleg social media Plattformen de Livestream.