Duerch d'Pandemie si vill Albe méi spéit erauskomm, net esou d'Wierk vun der brittescher Newcomerin.

Déi brittesch Sängerin Celeste huet via Instagram annoncéiert, dass säin Album Release verréckelt gëtt: Allerdéngs net, wéi dat dacks de Fall ass, no hannen, mee no vir! D'Singer- & Songwriterin, dat de BBC Sound Of 2020 gewonnen huet, ass ee Mount éischter fäerdeg mat sengem Album an dofir kënnt en och ganz einfach ee Mount éischter eraus.

Amplaz vum 26. Februar kënnt "Not Your Muse" also schonn den 29. Januar op de Marché. D'Fans wäerte sech freeën!