Wann et nom Schauspiller géif goen, wéilt hien gären eng zweet Karriär als Museker usteieren.

Den Jason Momoa kenne mir virun allem aus dem Film Aquaman. De charismateschen 41 Joer ale Schauspiller ass aktuell ee vun de gefroteste Schauspiller iwwerhaapt. Rezent huet hien awer an engem Interview verroden, dass hie guer net gär op enger Bün steet.

Obwuel hien d'Haaptroll a verschidde grousse Blockbuster gespillt huet, steet de Schauspiller net gären am Mëttelpunkt. Hien ass léiwer an engem Film ze gesinn, wéi op enger Bün virun 1000 Leit ze stoen. Dowéinst huet hien sech och ni un den Theater erugetraut.

Hien wéilt sech an Zukunft allerdéngs gären senger Angscht stellen an zwar als Museker. Nieft der Schauspillerei ass seng zweet Leidenschaft nämlech d'Musek. Wärend dem Dréi vun Aquaman huet hien sech um Set 2017 selwer d'Gittar-Spille bäibruecht. E klengen Optrëtt hätt hien zesumme mat senge Kolleeg och schonn hannert sech bruecht.

Dem Schauspiller säi grousst Ido ass iwwregens de Robert Trujillo, Bassist vun der Band Metallica. Hien kéint dem Jason Momoa gäre bäibréngen, wéi een de Bass richteg spillt.