Den 20. Januar trëtt den Joe Biden offiziell säi Mandat als 46. US-President un. An eng ganz Partie Stars sinn dobäi.

Et wäert wuel komplett anescht ausgesinn bei der Inauguratioun vum Joe Biden als US-President, wéi nach beim Donald Trump am Januar 2017.  Virun allem wat d'Presenz vu Stars ugeet. Esou ass elo bekannt, dass keen anert wéi d'Lady Gaga bei der Zeremonie vum Joe Biden d'US-Nationalhymne wäert sangen. D'Sängerin huet dës Noriicht op Social Media matgedeelt. Wierklech iwwerraschend kënnt d'Nouvelle net onbedéngt, besonnesch well et net fir d'Éischt ass, dass d'Lady Gaga bei engem Event vum Joe Biden séngt a säi Support weist. Ee Grond fir d'Ënnerstëtzung vum neien US-President dierft wuel och duerch seng Vize-Presidentin Kamal Harris kommen.

Aner Sänger, déi bei der Inauguratioun sollen dobäi sinn, sinn eemol d'Jennifer Lopez, den Justin Timberlake, oder och d'Demi Lovato. Och de Will.I.Am a Fall Out Boy solle scho bei enger "Pre-Inauguration"-Feier optrieden.