Der Sängerin hir Single "Flame" soll Enn des Mounts erauskommen.

Déi brittesch Sängerin Rita Ora war déi lescht Méint gréisstendeels am Studio. Dat fir u sengem drëtte Studio-Album ze schaffen. Wärend zwee Joer huet d'Sängerin ëmmer nees un de Lidder fir den neien Album geschafft.

Ee Virgeschmaach op dëse Longplayer soll et dann Enn des Mounts gi mat der Single "Flame".  Do wäert d'Rita Ora awer net eleng ze héiere sinn. Zesumme mam MNEK an dem Sänger vu Bastille, dem Dan Smith huet d'Rita een Track opgeholl, dee säi grousse Comeback an der Musekswelt markéiere soll. "Flames" soll dann och beim Sky-Film "Twist" ze héieren, an dem d'Rita Ora och eng Roll iwwerholl huet.

Et dierf ee wuel gespaant sinn, wéi de Comeback vun der Sängerin esou klénge wäert.