All Freide presentéiert de Chris iech am labbere Feierowend fonkelnei Musek a sengem Soundcheck!

Anne-Marie, KSI, Digital Farm Animals - Don't Play

Am Fong versteet et sech vum selwen, trotzdeem gëtt dat ganz dacks net respektéiert: Et spillt een net mat de Gefiller vun aneren. A genee dorëms geet et am Anne-Marie sengem neien Track "Don't Play", deen hatt zesumme mam brittesche Rapper KSI an dem Produzent Digital Farm Animals realiséiert huet. Am passende Musek-Video gesäit een ënnerschiddlech Kampfsportaarten. Eng Hommage dorun, datt d'Anne-Marie a senger Jugend scho Karateweltmeeschterin war. Scho ganz geschwë kënne mir eis dann och op weider nei Musek vun der Kënschtlerin freeën, hatt schafft nämlech aktuell u sengem 2. Album.

Jubël - Weekend Vibe

Ënnert anerem mat "On The Beach" oder "Dancing in the Moonlight" zesumme mam Neimy huet de schwedeschen Duo Jubël an der lescht grouss Erfolleger gefeiert. Pünktlech fir déi zwee schéinsten Deeg an der Woch liwwere si eis op hirem ganz neien Track dann elo de ganz lässege "Weekend Vibe".

ATB x Topic x A7s - Your Love (9pm)

Zesumme mat sengem partner in crime dem Sänger A7s ("Breaking Me") huet den Topic eng Neiinterpretatioun vum ATB sengem 1998er Dance-Klassiker "9pm (Till I Come)" erausbruecht. Et ass iwweregens deen éischten offizielle Remake mat direkter Bedeelegung vum Produzent selwer. Freet iech op eng kräfteg Bassline an déi ikonesch Hook, duerch déi d'Lidd immens vill Energie kritt.

Zoe Wees - Girls Like Us

Mat grad emol 18 Joer huet d'Zoe Wees d'lescht Joer mat "Control" säin éischte groussen Erfolleg gefeiert. Elo leet d'Hamburgerin mat "Girls Like Us" no, e Song dee virun allem inhaltlech iwwerzeege kann. Am Track stellt d'Zoe Wees sech nämlech op d'Säit vun all de Meedercher a Fraen déi mat gesellschaftlechen Zwäng ze kämpfen hunn. Virun allem positionéiert d'Sängerin sech géint Schéinheetsidealer. Kee sollt ze vill Zäit domat verbréngen aneren ze gefalen, vill méi misst d'Zil si sech selwer ze akzeptéieren, obwuel een net perfekt wier.

Album

Och a punkto Album ass dëse Freiden endlech erëm eppes dobäi. Den Ex-OneDirection-Member ZAYN huet nämlech säin neien Album "Nobody Is Listening" erausbruecht. Dee stelle mir iech dann d'nächst Woch am Albumcheck vir!