De Video fir seng Duerchbroch-Single "Bodak Yellow" war do nach ee gudde Krack méi bëlleg.

Op Twitter huet d'Cardi B elo matgedeelt, wat seng eenzel Musekvideoen esou kascht hunn. An de Video fir säin Hit "WAP" mam Meghan Thee Stallion, war dann och deen deiersten.

Deen éischte Museksvideo vum Cardi "Bodak Yellow" war nach ee richtegt Schnäppchen. Wéi d'Rapperin elo iwwer Twitter matgedeelt huet, hat dee Video just 15'000 US-Dollar kascht. D'Sängerin war dee Moment grad zu Dubai, an hat ee gudde Videograf dobäi. An de Rescht vun der Geschicht kenne mer jo: domat huet d'Karriär vum Cardi B esou richteg ugefaangen.

Ma d'Cardi huet dann awer och nach senge Fans gezielt, wat seng aner Videoe sou kascht hunn. Dat nodeems ee Fan fonnt hat, dass och 15'000 US-Dollar awer deier wieren. An effektiv, "Bodak Yellow" war nach eng bëlleg Affär.

An "WAP" war dann deen deiersten: 1 Millioun Dollar huet d'Rapperin dofir misse bezuelen. Och interessant: eleng nëmme fir de Video iwwerhaapt kënnen ze filmen esou matten an der Pandemie, huet d'Cardi missen 100'000 US-Dollar bezuele fir PCR-Tester ze maachen, an esou sécher ze sinn, dass den Dréi vum Video net zu engem Super-Spreader-Event gi wier.