Nodeems et éischt Rumeure goufen well Selena-Fans a Mexiko Schrëftzich op Mauere fonnt hunn, ass d'Single elo schonn do.

Dat ass séier gaangen! Nach Uganks der Woch gouf nach éischter gemunkelt, dass nei Musek vum Selena Gomez kënnt, an, dass dës wuel op Spuenesch wäert sinn. Ma elo ass déi éischt Single schonn do. Se nennt sech "De Una Vez" an ass zwar kloer am Latin-Stil komponéiert, ma awer dach een éischter rouegen Titel.

Ee passende Museksvideo ass och schonn do: