Déi zwou Sängerinnen hu sech fir d'Lidd "Lo Vas A Olvidar" zesumme gedoen.

Et ass eng Kollaboratioun déi zwar scho méi laang bekannt ass. Schonn am Abrëll 2019, hat d'Rosalía seng Fans wësse gelooss, dass hatt zesumme mam Billie Eilish ee Lidd wäert ophuelen. An d'Billie hat och gesot, dass et wärend dem Lockdown dovu profitéiert huet, fir weider un der Single ze schaffen. Een offizielle Release gouf et bis ewell awer nach net. Ma dës Woch soll et dann elo esou wäit sinn: d'Single mam Titel "Lo Vas  A Olvidar" kënnt den 21. Januar eraus. Direkt dobäi dann och de passende Musekvideo. D'Lidd soll dann och an der neier Staffel vun der Hit-Serie "Euphoria" ze héiere sinn.

Wéi d'Single genee wäert kléngen ass nach net gewosst. D'Billie huet zwar op sengem Instagram-Account ee klengen Extrait vum Lidd gedeelt, mee konkret Musek oder Gesang héiert een (nach) net. Ma et wäert een awer wuel och ongewinnten Téin vum Billie héieren. Wéi déi 18 Joer al Sängerin selwer sot, hätt et op dësem Track Téin getraff iwwert déi et emol nach net nogeduecht hätt. Ausserdeem wier et flott gewiescht fir d'Billie mam Rosalía zesummen ze schaffen: "D'Rosalía weess wat et wëll, an dat ass erfrëschend anescht." Weider sot d'Billie iwwert déi spuenesch Sängerin "Et war mega mat him zesummen ze schaffen an et ass dat léifste Meedchen einfach, oh mäi Gott!"