Eréischt lescht Joer ass dem Dominic Fike säin Debut-Album erauskomm. Ma de Sänger huet awer schonn nees nei Musek um Start.

Mat "What Could Possibly Go Wrong" huet den Dominic Fike säi laang erwaarten Debut-Album lancéiert. Et ass ee Mix aus  ville Genren. Den Dominic Fike ass nämlech kee Kënschtler deen een esou einfach an engem Museksgenre labele kann.

An de Méint nom Release vu sengem Album war den Dominic awer weider fläisseg. De Sänger huet nämlech elo ee klenge Snippet op Twitter gedeelt. Do héiert een en Ausschnëtt vun ongeféier enger Minutt, dat vun engem Lidd, dat de Sänger nach net released huet. Um Video gesäit ee wéi de Rapper probéiert op eng Pinhata ze schloen, déi d'Forme vun enger 2 huet. Et kéint also bedeiten, dass een zweeten Album méi séier kënnt, wéi een et villäicht geduecht hätt.

Ausserdeem kéint och eng Kollaboratioun mat der R'n'B Sängerin Kehlani ustoen. Op Twitter hat ee Fan den Dominic Fike nämlech gefrot ob esou ee Feature net méiglech wier. Dem Rapper seng Äntwert: eemol den "Handshake"-Emoji an de Seefen-Emoji. Wat dat genee bedeit? Dat gesi mer da wuel an Zukunft.