Et ass net fir d'Éischt, dass de kanadesche Rapper de Release vu sengem neien Album "Certified Lover Boy" verréckelt.

Dem Drake seng Fans waarden elo schonn eng Zäitchen op den neien Album vum Rapper. Uganks sollt "Certified Lover Boy" zesumme mat der Lead-Single "Laugh Now, Cry Later" am August eraus kommen. Ma se musse wuel nach e bësse méi laang waarden. Wéi de kanadesche Kënschtler op Instagram matgedeelt huet, wäert de Longplayer "Certified Lover Boy" net am Januar released ginn. De Grond dofir ass eng Operatioun um Knéi, déi am Oktober beim Champagne Papi gemaach gouf. "Mat der Operatioun an der Rehabilitatioun, hunn ech meng Energie dorop konzentréiert fir nees gesond ze ginn." Et géif ëm zwar nees gutt goe sou wäit an e géing sech gutt spieren "mee CLB wäert net am Januar gedropped ginn."

Et ass deen éischte Longplayer vum Drake zanter sengem Album "Scorpion" aus dem Joer 2018. An obwuel den Drake nach zum Schluss vu senger Erklärung an der Story sot, dass e sech géing freeën den Album am Joer 2021 mat senge Fans ze deelen, ass net gewosst wéini genee säi 6. Studio-Album da sécher dobaussen ass.