Dëst Joer gouf duerch d'Covid-Mesurë kee Bal no der Vereedegung organiséiert. Dofir awer vill Concerte vu bekannten Artisten, moderéiert vum Tom Hanks.

Amplaz vun engem Bal gouf et dëst Joer en Event mam Numm "Celebrating America". Moderéiert vum Tom Hanks, sinn dann no der Vereedegung Top-Artisten opgetrueden, verschiddener Live, verschiddener opgeholl. Zelebréiert goufen dann den Joe Bidden an d'Kamala Harris, an d'Changementer déi déi 2 mat sech bréngen.

De Justin Timberlake huet da mam Ant Clemons d'Lidd "Better Days" gespillt. Mat deem Lidd wollten si d'Nolauschterer dozou encouragéieren zesumme fir eng besser Zukunft ze schaffen an d'Hoffnung net opzeginn.

Dëse Message huet sech och als Roude Fuedem duerch de ganzen Owend gezunn. Esou huet de John Legend mat engem Cover vun "Feeling Good" vum Nina Simone nogeluecht a dobäi déi selwecht Energie verspreet, an der historescher Kulisse vum Lincoln Memorial zu Washington, D.C.

Fir d'Final waren dann all d'Spotten op Demi Lovato an d'Katy Perry geriicht. D'Demi huet mat "Lovely Day" virgeluecht a krut dann Ënnerstëtzung vun Nolauschterer déi virtuell zougeschalt goufen. Dat ganzt um LED Bildschierm virun deem hat opgetrueden ass.

D'Katy Perry huet da vum Lincoln Memorial mam Hit "Fireworks" nogeluecht. D'Performance vum Katy Perry ass dann och vun engem wuertwiertleche Freedefeier begleet ginn an huet och de Schluss vum Event markéiert.

Vill Support kruten dann de Bidden an d'Kamala via Twitter. Esou huet zum Beispill d'Ariana Grande dem Kamela Harris säi Post "Ready to Serve" retweet. Am ganze gouf dee 169.000 mol retweet an huet 2.1 Millione Likes krit. Vill aner Museker hunn dem neie President an der neier Vize-Presidentin dann hier Digital Gléckwënsch zoukomme gelooss.