Zesumme mam Ellie Goulding hu se ënnert dem Numm "Silk City" nees eng nei Single erausbruecht.

Déi nei Single vu Silk City nennt sech "New Love" a gouf zesumme mam Ellie Goulding opgeholl. Ma hannert dem Numm "Silk City" verstoppe sech déi zwee bekannte Produzenten a Museker Diplo a Mark Ronson. Fir d'lescht waren déi zwee am Joer 2018 aktiv, an hunn do Musek released, wéi "Electricity" zesumme mam Dua Lipa oder hunn och de "Bestival"-Festival geheadlined.

Hir nei Single huet dann och schonn ee passende Musekvideo, dee vum Ana Sting gedréint gouf. Hei erkennt d'Ellie Goulding och bal net erëm, respektiv et kéint een et deels mam Cher verwiesselen. Ma hir Single mécht dann och richteg Loscht ze danzen. Passend dozou huet Silk City dann och een Internetsite geteased, dee sech "New Love Club" nennt a versprécht "geschwënn opzemaachen".