Wie sech also schonn ëmmer gefrot huet, wéi d'Billie Eilish wuel op Spuenesch kéint kléngen huet elo eng Äntwert kritt.

Uganks der Woch haten souwuel d'Billie Eilish wéi och déi spuenesch Sängerin Rosalía matgedeelt, dass hir Single "Lo Vas A Olvidar" den 21. Januar eraus kënnt. Elo ass se dann do, mat passendem Musekvideo. Effektiv séngt och d'Billie op Spuenesch um Track. Eng éischter ongewinnt Sprooch fir déi amerikanesch Sängerin!

An d'Billie huet och verroden, dass déi lescht Zeil aus dem Lidd net eleng vun him a sengem Brudder koum. Et war eng richteg Famillen-Aktivitéit ginn. Dem Billie seng Elteren, wéi och dem Finneas seng Partnerin hunn mat deenen zwee dru geschafft déi lescht Zeil ze schreiwen.

Punkto neien Album huet d'Billie dann och matgedeelt, dass et grad am Gaangen ass mat sengem Brudder u sengem neie Wierk ze schaffen. Ma si hunn awer decidéiert, dass den Album net soll eraus kommen, esou laang d'Corona-Pandemie nach weider geet.