D'Rockhal lancéiert eng Serie vu Concerten- ënnert den néidege sanitäre Mesuren

Ënnert dem Slogan "Because Music Matters" huet d'Rockhal eng Serie vu 5 Concerten annoncéiert- natierlech am Respekt vun den aktuelle sanitäre Mesuren.

Di 5 Concerte ginn am Rockhal Club ofgehalen, virun engem limitéierte Publikum, d.h. fir maximum 100 Zuschauer a mat obligatoresche Sëtzplazen.

Eng Haapt-Bün vun 360° erlaabt et den Artisten, ganz enk mat hirem Publikum ze kommunizéieren.

Nieft physescher Distanz an obligatorescher Mask mussen d'Zuschauer sech och virum Concert zu engem gratis Covid-Test bereet erklären- an 7 Deeg nom Concert zu engem weideren Test. Dëst soll den Gesondheetsautoritéiten erlaben, Informatiounen ze sammelen, am Kader vun den Diskussiounen iwwert eng Reprise vu live Concerten an aller Sécherheet.

Dat ganzt geet an d'Richtung vum Testconcert, deen am Dezember zu Barcelona ofgehale gouf.

Programmatioun:

10.2.2021 : MEZERG, concert piano-techno à 360° - MELODY

11.2.2021 : CLEVELAND (special set), concert électro-house dans le noir - EXPERIENCE

12.2.2021 : CLAIRE PARSONS + KLEIN, concert jazz-soul à 360° - EMOTION

13.2.2021 : FUSION BOMB, concert métal à 360° -  ENERGY

14.2.2021 : C’EST KARMA & FRANCIS OF DELIRIUM, concert acoustique à 360° - SINCERITY

D'Ticketen kritt ee vum 26. Januar un ze kafen.

Weider Detailer zu den Testconcerte fannt der um Sitte vun der Rockhal.