All Freide presentéiert de Chris iech am labbere Feierowend fonkelnei Musek a sengem Soundcheck!

Jason Derulo feat. Adam Levine - Lifestyle

Zwee vun deene ganz groussen Artiste vun eiser Zäit hu sech zesummegedoen an de Song "Lifestyle" erausbruecht. Engersäits ass hei Rieds vum Jason Derulo, deen no "Savage Love", "Take You Dancing" a "Love Not War" e weidere groussen Hit produzéiert huet. Dës Kéier u senger Säit ass den Adam Levine, bekannt als Frontmann vu Maroon 5. A "Lifestyle" sangen déi Zwee iwwert eng Fra déi si fir sech gewanne wëllen, mee dat huet natierlech säi Präis.

Silk City feat. Ellie Goulding - New Love

E puer Joer no hierer Kollaboratioun mam Dua Lipa um Song "Electricity", deen hinnen esouguer e Grammy fir dee beschten Dance-Song abruecht hat, huet den Erfollegs-Duo Silk City sech elo zeréckgemellt. Dës Kéier hunn de Mark Ronson an den Diplo op hirem neien Track mam Ellie Goulding zesummegeschafft. "New Love" ass en euphoreschen House-Track, deen eis zum danzen animéiere soll.

Toby Romeo, Felix Jaehn & FAULHABER - Where The Lights Are Low

Virun e puer Joer hunn de Felix Jaehn an den Toby Romeo sech no enger Show backstage kennegeléiert. Den Toby hat e puer Demos matbruecht, vun deenen deen däitsche Produzent direkt begeeschtert war. An deem Moment huet de Felix Jaehn dunn decidéiert de jonken Éisträicher ënnert seng Fitticher ze huelen a säin Talent ze pushen. Haut hunn déi Zwee mat "Where The Lights Are Low" hiren éischte gemeinsame Song erausbruecht.

Tate McRae - rubberband

Och d'Tate McRae ass no "you broke me first" an "r u ok" zeréck mat enger neier Single. Op "rubberband" behandelt hatt op en Neits d'Thema Léift a probéiert iwwert eng ganz bestëmmte Persoun ewech ze kommen. Am Géigesaz zu deenen zwee leschte Lidder huet "rubberband" dann och endlech e bësse méi Pepp an Drive.

Dennis Llody - Anxious

Den israelesche Museker Dennis Lloyd kennen déi Meescht warscheinlech duerch säi Mega-Hit "Never Go Back" aus dem Joer 2019 oder säi leschten Erfolleg "Alien". De Museker schafft aktuell u sengem Debut-Album an huet haut mat "Anxious" eng weider Single-Auskopplung released. E coolen Track an deem hie sech ganz verletzlech weist.