Ee User huet gëschter op Twitter e Post verëffentlecht an deem dësen der Sängerin hiren Dout fälschlecherweis confirméiert huet.

An der Welt vum Internet ass et natierlech esou, dass ganz séier ganz vill Blödsinn ka verbreet ginn. Virun allem duerch déi sozial Medie kréie verschidde Leit eng Plattform gebueden, déi dëst ausnotze fir Rumeuren ze verbreeden. Esou huet dat nämlech och d'Bebe Rexha elo um eegene Leif missten erliewen.

Wéi d'Sängerin sech e puer Deeg eng Auszäit vun Twitter e Co. gegënnt huet, huet sech een aneren Twitter-User geduecht einfach mol den Dout vun der Sängerin ze annoncéieren. Fir genau ze sinn huet dëse geschriwwen, dass den Dout esouguer vu CNN confirméiert gi wär a fir deem ganzen nach d'Kroun opzesetzen huet den User och nach eng Foto dobäi gepost vun enger Persoun déi an enger Zort Läichesak op enger Brëtsch läit.

D'Bebe Rexha huet natierlech esou séier wéi méiglech op dee Post reagéiert a kloer gestallt, dass dat alles e ganz schlechte Witz wär. ''God forbid. So messed up! Who did this shit'' , esou schreift d'Sängerin an enge vu senge Storyen op Instagram.