D'Cardi B huet eng nei Single eraus bruecht, déi sech "UP" nennt. Passend dozou gëtt et dann och schonn een opwännege Musekvideo.

Wéi d'Cardi B selwer seet, ass seng éischt Single vum Joer 2021, e bëssen eppes anescht. Dës nennt sech "UP" a wier méi "gangsta" a "cocky" wéi seng Musek virdrun.

Ma dee passende Museksvideo zu der Single ass awer genee dat wat ee vum Cardi gewinnt ass: faarweg, verréckt, lasziv a vill fräi Haut. D'Rapperin scheit sech ni säi Kierper an Zeen ze setzen, sief dat duerch Danzen oder Outfits. Ma "UP" gouf vum Ukrainer Tanu Muino realiséiert an huet eng ganz Rei vu Sets opweises. Wéi vill de Video kascht huet ass zwar net gewosst, ma dierft awer net ganz bëlleg gewiescht sinn.

Fir säi leschte Musekvideo vun der Single "WAP" huet d'Cardi B 1 Millioun US-Dollar bezuelt, dovun eleng 100'000 Dollar fir Corona-Tester duerchzeféieren. Och bei dësem Video dierft awer wuel ee ganzen Deel vum Budget fir Tester dropgaange sinn.