Et ass déi drëtt Single-Auskopplung aus dem Album "Hell" deen deemnächst soll eraus kommen.

Et ass emol nees Zäit fir nei Musek vun der beschter Band vun der Welt. Riets geet natierlech vun Die Ärzte. Déi drëtt Singleauskopplung aus hirem kommenden Album "Hell" ass elo do. An nennt sech "Achtung: Bielefeld". Am Lidd geet et drëms mat der Langweil ëmzegoen an dat Bescht mat senger Zäit ze maachen, och wann dat heiansdo villäicht schwéier fält.

De Museksvideo ass dann och nees a gewinnter Ärzte-Manéier. Mat vill Humor, Sarkasmus an och e bësse Kritik. Am Video gesäit een eigentlech just de Bela B an der Roll vun engem Bestatter dee keng Aarbecht huet. Dofir gëtt dann einfach emol ee klengen Nap am Ausstellungs-Sarg gemaach, oder d'Mëllech am Killschaf, wou normalerweis d'Läiche leie, gelagert. Souguer de Puzzle gëtt just Stéck fir Stéck zesumme gesat, fir och nëmme keng Langweil ze kréien. De Farin an de Rod gesäit ee just als Kartongs-Figuren.

Wann der Iech wonnert, firwat d'Single "Achtung: Bielefeld" heescht, ma awer guer net iwwer Bielefeld gesonge gëtt, gëtt et op mannst eng Theorie. Dat Ganzt baut op eng Iddi op, dass et déi däitsch Stad Bielefeld guer net gëtt, ma just iwwerzeegend duergestallt gëtt. Dës Theorie gëtt et schonn zanter 1994an zirkuléiert och haut nach am Netz. Dacks gëtt Bielefeld dann och zitéiert, wann et drëms geet mat Verschwörungstheorien de Geck ze maachen. Also ass den Titel och ganz gären eng Uspillung un d'Verschwörungstheorien déi et ronderëm de Coronavirus ginn. Déi dräi Band-Memberen hunn dat zwar net confirméiert, mee esou wéi mer d'Ärzte kennen, eng warscheinlech Erklärung.