D'Halftime-Show um Superbowl ass net nëmmen eng grouss Éier mee och eng grouss Verantwortung. De The Weeknd huet elo e puer Detailer zu "senger" Show ginn.

D'Halftime-Show ass DE Spektakel fir all d'Leit déi wuel manner um Football interesséiert sinn. An do ass een net nëmmen op d'Show an d'Performance vum Kënschtler gespaant, mee och wéi eng Gäscht en sech op d'Bün hëlt. Wéi den The Weeknd op enger Pressekonferenz fir d'"NFL Network" elo verroden huet, hätt ee besser net drop ze wetten, dass iergendeen aneren ausser him an der Half-Time Show wäert ze gesi sinn. Den Abel Tesfaye huet sech nämlech eng ganz Geschicht ausgeduecht fir d'Halftime-Show. An him no géif och keen aneren do an d'Konzept passen.

Also wäerten et scho mol keng Special Guests ginn. Ma de kanadesche Kënsctler huet awer nach Detailer verroden. Esou gouf d'Bün am Stadion selwer zesumme gebaut. A se wier komplett anescht wéi déi Jore virdrun. Et géif een dann och d'Feld selwer notzen. Ma wéi dat alles wäert ausgesinn wollt den The Weeknd awer net verroden. Hien huet gemengt, dass d'Fans schonn aschalte mussen e Sonnden, fir dann ze gesinn wéi dat genee wäert ausgesinn.

Wann een dem The Weeknd seng Optrëtter a Videoen aus de leschte Méint kuckt, wäert et wuel effektiv eng richteg Geschicht sinn déi do erzielt gëtt. Mat sengem Look am Museksvideo vu senger leschter Single, hat de Sänger jo fir vill Diskussioune gesuergt. Vill Fans haten effektiv gefaart, dass den Abel sech ënnert d'Messer geluecht hat. Dat waren awer alles just Prothesen, wéi een och elo op der Pressekonferenz gesinn hat.