7 Hits, keng Gäscht-Optrëtt a ganz vill Luuchten: Dat war de Mini-Concert vum Super Bowl 2021.

Natierlech war beim Super Bowl dëst Joer alles e bëssen anescht, och wann de Quarterback Tom Brady mol nees mat sengem Team gewonnen huet. Dës Kéier war et net just fir eng éischte Kéier en Heemspill, och an der Halftime Show gouf et eng gréisser Ännerung: Wéinst de Corona-Hygiène-Moossnamen duerft et keng Bün ginn. Dowéinst huet The Weeknd misse kreativ ginn an huet de Wues an d'Tribüne fir säin Optrëtt genotzt.

Anscheinend hätt de Museker 7 Milliounen aus der eegener Täsch bezuelt fir seng Show nach méi memorabel ze maachen. An och wann d'Luuchten, d'Choreo an d'Konzept iwwerzeegt hunn, esou war den Toun selwer net esou dat.

Lassgaangen ass et wéi The Weekend bei enger iwwerdimensional grousser Tafel aus engem Sportswon geklommen ass an direkt "Star Boy" zum Beschte ginn huet. Doropshi gouf et dunn e Best Of vu senge Songs. Begleet gouf en dobäi vun engem Chouer, deen tëscht Himmel an Häll gependelt ass an un e Fellini-Film erënnert huet. Et sollt déi eenzeg makaber Uspillung bleiwe well d'NFL Zeréckhalung gefuerdert huet, opgrond vum Public, deen aus allen Altersklassen zesumme gestallt ass.

Mat enger Selfie-Kamera ass The Weeknd dunn duerch en Tunnel gelaf an huet "Can't Feel My Face" performed. Hei krut en Ënnerstëtzung vun Doubles mat bandagéiertem Gesiicht, oder och Otemschutzmasken à la The Weeknd. Sekonne méi spéit gesäit een de Museker dann nees op enger Tribün "I feel it Coming" sangen.

Wärend "Save Your Tears" vu Geie begleet gouf, sollt den Héichpunkt bis zum Schluss op sech waarde loossen: Gemeinsam mat enger Arméi vu maskéierten Dänzer ass et op d'Spillfeld gaangen. Wou Minutte virdrun nach d'Football-Spiller um Terrain waren, huet elo The Weeknd säin Hit "Blinding Lights" zelebréiert. Wärend d'Optik mat de Kulissen an de Luuchten iwwerzeegt huet an iergendwéi un eng Show vum Michael Jackson erënnert huet, war den Toun just mëttelméisseg an och d'Energie vum Optrëtt konnt mat där vum leschte Joer net mathalen.