De Keyboarder Christian "Flake" Lorenz huet confirméiert, dass den 8. Studioalbum nach dëst Joer erauskomme soll!

An de sozialen Netzwierker huet Rammstein eng Fotoen aus dem Studio gepost an dobäi geschriwwen "Leider keng Tournée dëst Joer mee et ass super nees zréck am Studio ze sinn". Dëse Statement huet natierlech direkt fir Rumeure gesuergt, déi de Flake dunn och direkt an engem Interview bestätegt huet.

De Keyboarder vun der Band huet confirméiert, dass déi gezwonge Corona-Paus, déi se missten aleeën dofir gesuergt huet, dass se nees méi Zäit fir Kreativitéit haten. Geplangt war d'Plack zwar net, ma duerch déi feelend Live-Optrëtter ass se dunn awer zustane komm.

Inspiratioun fir dat neit Wierk wären dem Flake no, dagdeeglech Erliefnisser an d'Bekloptheet vun de Mënschen, déi a Corona-Zäite jo net aneschters ass, wéi zu normalen Zäiten.