Et war zwar net d'Halftime Show, ma d'Sängerin huet trotzdeem d'Show geklaut!

Eigentlech sollt et dem The Weeknd säi groussen Optrëtt ginn, mee no der Halftime Show ass kloer ginn: Esou richteg iwwerzeege konnt den RnB-Sänger net. Virun allem, well do nach en anere Concert war dee Konkurrenz gemaach huet.

D'Miley Cyrus huet virum Match den TikTok Tailgate iwwerholl, also d'Pre-Show vum gréisste Sportsevent. Dëst Joer gouf et de Pre-Concert da viru 7.500 geimpfte Persounen aus dem Gesondheetssecteur. Den Optrëtt sollt e Merci si fir d'Personal aus deem Beräich. An dee Merci war gelongen!

Wéi gewinnt ass d'Sängerin mat senge knappen Outfits iwwert d'Bün gesprongen an huet vill Energie an dance moves zum Beschte ginn. Donieft hat et dann och nach Ënnerstëtzung vum Billy Idol an Joan Jett.

D'Miley huet also mol nees bewisen, dass et performe kann an dat och méi rockeg. Ma no de Rockhymne vu sengem aktuellen Album ass et dunn och nach zu méi emotional Momenter komm.  Wärend der Performance vu sengem Hit "Wrecking Ball" sinn op eemol d'Tréine gefloss an d'Stëmm huet noginn. D'Sängerin huet verroden, dass et zwar immens vill Glitzer a säi staarke Panzer no baussen droe géif, ma et géif awer och säin Häerz op der Zong droen an dat Häerz wär schonn dacks gebrach ginn. Grad bei dësem Song schéngt déi Verletzlechkeet sech ze weisen.

Echt Emotiounen, rockeg Momenter, Museksikonen als Gäscht an dat alles fir dem Personal aus dem Gesondheetssecteur Merci ze soen, do konnt The Weeknd just verléieren...