Säi spueneschen Album "Revelación" kënnt den 12. Mäerz eraus. An net nëmmen duerch d'Sprooch, ass dësen Album anescht.

D'Selena Gomez huet scho méi laang iwwerluecht een Album op Spuenesch ze maachen . Ma elo an der Pandemie war wuel déi richteg Zäit fir d'Sängerin. Dat huet awer och bedeit, dass d'Selena sech anescht misst organiséieren fir den Album opzehuelen.

An engem Video gëtt d'Sängerin elo Detailer dozou wéi eemol den Album entstanen ass, mee och déi éischt Singleauskopplung vun dësem. "De Una Vez" huet d'Selena zum Beispill relativ fréi geschriwwen an du wier och de Rescht vum Album séier nokomm.

D'Produktioun vu senger EP wier dann anscheinend och gréisstendeels iwwer Zoom geschitt. Dat natierlech wéinst der Corona-Pandemie. An net nëmmen den Album gouf op Distanz produzéiert. Och de Museksvideo fir "De Una Vez" gouf gedréint wärenddeems d'Regisseure vum Video Tania Verduzco an den Adrian Pérez souzen nämlech zu Barcelona. Wéi si selwer soen, huet dee ganze Museksvideo vill dorop baséiert, dass d'Selena hinne blann vertraut huet. Vill Zeenen an Effekter konnte si dem Selena just am Viraus erklären awer eeben net weisen.