Dee jonke Kënschtler huet an engem Interview och doriwwer geschwat, wat et him bedeit aner Leit z'inspiréieren.

Bekannt ginn ass de Rapper a Sänger Kid Laroi eigentlech duerch de Rapper Juice Wrld, deen am Joer 2019 gestuerwen ass. Ma am Juni 2020 koum d'Single "Go" eraus déi déi zwee Rapper virum Dout vum Juice opgeholl haten.

Mat senger eegener Musek ass de Kid Laroi dann och weider gutt ukomm. Seng Singlen "Without You" an "So Done" sinn international gutt ukomm, wéi och säin éischte Mixtape F*k Love (Savage). A sengem Heemechtsland Australien, steet dësen dann och op Nummer 1. Fir dee 17-Joer ale Rapper eng grouss Éier. Wéi hie selwer seet, wier et einfach immens schéin ze wëssen, dass d'Leit "doheem" een esou ënnerstëtzen an dëst och eng vill méi wichteg Auszeechnung ass, wéi Plaz 1 an engem anere Land.

Fir de Kid Laroi ass d'Musek virun allem ee Ventil. Fir hie wier et schwiereg iwwert seng Gefiller ze schwätzen, ma an der  Musek kann en all seng Emotioune verschaffen. Dat gesäit an héiert een och gutt a senge Lidder. Souwuel "Without You" wéi och "So Done" thematiséieren d'Enn vun enger Bezéiung an all d'Gefiller déi en do duerchlieft huet.