Wien der Band hir Hits eemol an enger ganz anerer Form wëll erliewen, ass do genee richteg!

Déi eege Musek am MTV Unplugged ze spillen ass ëmmer nees eppes Besonnesches. Fir d'Fans vun der südkoreanescher Band "BTS" ass elo dann och de Moment komm. Wéi MTV den 9. Februar via Social Media matgedeelt huet, wäert déi siwe-käppeg Band dann elo an der ikonescher Unplugged Versioun ze héiere sinn.

Den Datum fir dësen Optrëtt ass den 24. Februar 3 Auer Mueres eiser Zäit. D'Band wäert dann och an hirem Heemechtsland Südkorea optrieden.

Haaptsächlech wäerten d'Südkoreaner Lidder aus hirem rezenten Album "BE" performen. Ma MTV huet awer schonn ugekënnegt, dass et virun allem fir d'Fans vun der Band eng Méiglechkeet wäert sinn, déi gréissten Hits vu BTS an enger ganz neier Form z'erliewen.