D'Academy huet hir Nominéierunge matgedeelt, vun ënnert anerem der Kategorie "Best Original Song".

D'Nominatioune vun am Ganzen 9 Kategorie vun den Oscars sinn elo gewosst. Dorënner och d'Kategorie "Best Original Song". An do ass et dëst Joer ee Mix tëscht bekannte Museker, oder och emol ee Schauspiller, deen extra fir säi Film och gesongen huet.

Esou zum Beispill de Sasha Baron Cohen, dee fir d'Fortsetzung vu senger Kultfigur Borat d'Lidd "Wuhan Flu" opgeholl huet.

Ma et goufen awer och eng Partie Museker fir de Präis vu "Best Original Song" nominéiert. Esou zum Beispill d'Janelle Monae mam Lidd "Turntables", deen an der Dokumentatioun All In: The Fight for Democracy ze héieren ass. Och d'Celeste ass nominéiert ginn, dat mat sengem Song "Hear My Voice" aus der Dokumentatioun The Trial of the Chicago 7.

Den John Legend gouf iwwerdeems fir zwee verschidde Lidder nominéiert, déi an zwee ënnerschiddleche Filmer ze héiere sinn. Dat ass eemol "Never Break" aus dem Film Giving Voice, an "Make It Work" aus dem Chrëschtdagsfilm Jingle Jangle: A Christmas Journey