Foo Fighters, Jay Z. oder Iron Maiden - Wie gëtt Deel vun der Hall Of Fame?

25 Joer nom Release vun den éischten offiziellen Opname kënne Museker a Bands sech fir Rock & Roll Hall Of Fame qualifizéieren. Elo sinn dann déi neisten Nominéierungen eraus wien als nächst doran opgeholl kéint ginn. Als lescht kruten iwwregens T.Rex, Nine Inch Nails an Depeche Mode d'Éier.

Dëst Joer kéint et dann un de Foo Fighters, dem Kate Bush, dem Tina Turner, Iron Maiden, Jay Z., Mary J-Blige, Todd Rundgren, Carole King, Fela Kuti an den New York Dolls sinn. Wéi ëmmer besteet d'Lescht aus liewenden a verstuerwene Kënschtler a Kënschtlerinnen.

Den John Skyes, Virsëtzende vun der Rock & Rock Hall Of Fame, huet déi divers Auswiel domat begrënnt, dass de Musek-Business genee esou villfälteg wär an all eenzele Museker, deen nominéiert wär, en Afloss op d'Klanglandschaft gehat hätt/ ëmmer nach huet.

D'Decisioun wien an d'Lëscht opgeholl gëtt soll dann am Mee bekannt gemaach ginn.