D'Deluxe Editioun vum Album "Positions" soll Mëtt Februar erauskommen an en neie Video gëtt et uewendrop!

D'Ariana Grande hat 2020 säi 6. Studioalbum "Positions" erausbruecht op deem 14 Tracks ze fanne sinn. An eisem Eldo Albumcheck huet eis Museksredaktioun de Fazit gezunn, dass den Album zwar vill Liewensfreed ausstraalt an e puer gutt Songs drop sinn, ma musikalesch wär en ausbaufäeg.

A genee dat mécht d'Ariana Grande elo: D'Sängerin huet eng Deluxe-Versioun vum Album annoncéiert, op deem ganzer 4 neier Tracks wäerten ze fanne sinn. Een Dag nodeems et dëst annoncéiert hat, huet d'Musekerin dann elo confirméiert, dass dës nei Versioun nach dëse Mount, den 10.02.2021 erauskomme soll.

Zousätzlech dozou wäert dann dëse Freideg (12.02.2021) de Museksvideo vum 34+35 Remix mam Doja Cat a Megan Thee Stallion released ginn.