20 Joer nom Release vum Debutalbum "Elle'ments" feiert d'Girldgroup hir Reunioun!

Lucy Diakovska, Sandy Mölling, Nadja Benaissa a Jessica Wahls sinn no bal 7 Joer no hirer Opléisung zeréck an dat net mat eidelen Hänn. D'Ex-Popstar-Gewënner hunn an de leschte Méint un hirem Klassiker "Daylight In Your Eyes" geschafft an den Hit nei opgeholl.

Schonn am Januar haten d'No Angels annoncéiert e Comeback ze feieren an de Fans verroden, dass "neit" Material géif kommen. Dass et elo endlech esou wäit ass an och nach de bekanntste Song vun hinnen um Programm steet, dat dierft fir vill Fans wuel déi schéinsten Iwwerraschung sinn. Nach dëse Freideg (12.02) soll déi aktuell Versioun (Celebrate Version) op all de Streaming Plattformenverfügbar gemaach ginn an och un engem nei Video schaffen déi 4 Band-Membere grad.

De 5. Engel aus der Grupp d'Vannesa Petruo ass iwwregens net dobäi, d'Musekerin hat sech scho viru Joren aus dem Show-Business zréckgezunn.